Et gi Situatiounen, an déi versetzt een sech als Gonzojournalist absichtlech. Et geet een op en Plaatz, fir herno kennen ze berichten, wéi et war an wat sech do alles sou gedoen huet. An da ginn et aner Situatiounen, do gereit een duerch Zoufall eran, ouni et ze wëllen. Dat si meeschtens déi interessanteste Geschichten. Mä och déi, déi am meeschten Angscht a Schrecke biergen.