Listen

Description

Säit Wochen ass a villen europäeschen Länner d'Thema vun den Asylsichenden op der Daagesuerdnung. An Italien, Spuenien a Griicheland kommen bal all Dag honnerte vu Leit un, déi virun Krich an Terror flüchten an dobäi keen aneren Auswee gesinn, wéi sech op déi doudgeféierlech Rees iwwert Mëttelmier ze maachen. Zu Calais a Frankräich versichen se, duerch den Tunnel an England ze gelaangen, an Éisterräich ass d'Lager zu Traiskirchen esou iwwerfëllt, datt Amnesty International eng Enquete mécht an an Däitschland brennt well all Dag een Asylheem.