An ech hat gemengt, ech kéint lo all Woch iwwert een anert Thema hierzéien. Natierlech ass d'Bomm dunn leschten Dënschden-Owend geplatzt. Déi zweet Well vun den #luxleaks-Dokumenter ass verëffentlecht ginn. An endlech ass dat, wat ech mir all déi Joeren ëmmer scho geduecht hunn, offiziell ginn: Mir wunnen am Disneyland.