Widme mir eis haut enger Institutioun vun eiser Demokratie, vun där keen esou richteg weess, woufir se gutt ass: de Staatsrot. De Staatsrot kuckt sech d'Gesetzer, déi Chamber gestëmmt huet, nach eng Kéier un a verbessert Feeler. Do geet et awer lo net ëm Grammaire an Orthografie, mä virun allem dorëm, datt d'Gesetzer konform mat der Verfassung an internationalen Träiteté sinn.