Lëtzebuerg ass am Wahlkampf. An well nach esou gutt wéi keng Partei e fäerdegen Wahlprogramm huet, muss eben iwwer Personnagen oder "faits divers" geschwat ginn. Leider ass och Summerlach, dofir ginn et net vill "faits divers". Wann ech soen et ass Summerlach, da mengen ech dat och esou: Summerlach ass een Zoustand, keng Plaatz an och keng Zäit.