Listen

Description

"Een Thü ... ah nee, dat heescht jo elo "Lëtzebuerger Grillwurscht", seet eng Fra, a mir grinse just a soen "Mir wësse jo, wat gemengt ass." De Lëtzebuerger u sech huet déi Geschicht mam Thüringer nach net ganz verdaut, well weder "Lëtzringer" nach "Lëtzebuerger Grillwurscht" sech immens gutt soen. An méi Kreativitéit kann ee Leit, déi "hier" Wurscht geklaut kruten, och net wierklech zoumudden. An esou Momenter kann ee bal verstoen, dat sech vill Leit iwwert d'EU-Bürokratie opreegen. Déi kéint deenen "beklauten" Länner, déi hier Wurschten op ee mol net méi esou nennen dierfe wéi virdru jo een alternativen Numm erfannen. Dat géif den Euroskeptizismus vläicht ëm e puer Prozentpunkten erof drécke …