Listen

Description

Ufank Juli zu Wien. D'Enn vum Summersemester. No deene leschte Prüfunge sinn déi meeschte Leit och schon an der Vakanz. Et schéngt, wéi wann Wien esou schrecklech wär, dat all Mënsch direkt flüchte muss. Ech verstinn net wierklech, wisou dem esou ass. Wien ass och am Summer kulturell absolut ze recommandéieren, et gi vill Parke mat Schied, an deenen een deeglaang sëtze kann, ouni all ze vill ënnert der Hëtzt ze leiden …