Listen

Description

Et gi Leit, déi fillen sech zu enger Natioun zougeheireg. Ech fannen dat komesch, mä ech fannen et och komesch wann Leit mat engem SUV duerch d'Staat fueren, well se mengen se wiere soss net sécher. Déi Leit hunn d'Tendenz, no Fussballsmatcher an hier Autoen ze klammen an ze tuten. Och dat fannen ech komesch. Nach méi komesch fannen ech awer déi allem Uschäin no zimlech lëtzebuergesch Mentalitéit, fir Blockwart spillen ze mussen. Een selwer wier jo net esou. Oder et géif een tuten fueren, wann déi, déi soss ëmmer tuten, verléiere géifen.
An elo huet den Grand-Duché dann och seng sportlech Héchstleeschtung gehat ...