S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hues de eis haut matbruecht?
C: Mäi WiWi-Wuert vun haut ass 'Fuemeschnéck'. Weess de, wat en Fuermeschnéck ass? Vläicht seet der jo Fuem eppes oder Schnéck?
S: ____
C: Et kléngt op alle Fall super Lëtzebuergesch, mee – an dat war meng kleng Fal vun haut – Fuemeschnéck ass e Wuert, wat ech erfonnt hunn.
S: A firwat erfënns de esou Wierder? Also wann s de mer lo eng Geschicht erzielt häss, dass dat e Champignon ass oder e Plat, dann hätt ech der dat bal gegleeft!
C: Merci, dat ass léif. Ech schätzen däi Vertrauen! An elo awer den Hannergrond, firwat ech iwwerhaapt Wierder erfannen. Meng Iddi ass nämlech, d'Leit ze ënnerstëtzen, wa se d'Lëtzebuerger Schreifweis léieren. Weess de, a mengen Orthografie-Coursen ass den Haaptproblem grad net, dass d' Leit d'Reegelen net verstinn, mee et ass vill méi schwiereg, dass se vill ze laang schonn Gewunnechten etabléiert hunn, mat Schrëftbiller, déi net den aktuelle Reegelen entspriechen. Se hunn et schonn 100mol falsch geschriwwen a gelies, ouni dass se dat als falsch wouergeholl hunn.
S: Ass jo verständlech, wann dat net an der Schoul enseignéiert gëtt.
C: Jo, ganz genee, do kann ech och kengem e Virworf maachen. Dat ass u sech jo och iwwerhaapt kee Problem, dass se nom Gefill schreiwen, well et gëtt keng formal schrëftlech Ausbildung am Lëtzebuergeschen an eisem Schoulsystem. Dat heescht, all Mënsch huet sech sou e bëssen debrouilléiert, mee mer hunn elo de Problem, dass jonk Leit duerch dat Digitalschreiwen immens fréi ufänken, Lëtzebuergesch ze schreiwen an doduerch muss der immens verfestegt ginn.
A wa se dann ufänken op der Uni, soe mer elo mat 20 oder 25 Joer, ufänken, Saachen, déi se säit iwwer zéng Joer falsch geschriwwen hunn, beemol misse korrekt ze schreiwen, do kréien se immens vill Problemer. An duerfir hunn ech mer eppes iwwerluet, andeems ech nämlech Fake-Wierder erfannen, déi immens Lëtzebuergesch ausgesinn, fir hinnen emol einfach d'Gewunnechten auszedreiwen a se einfach op dee Punkt zréckzebréngen, wou se just nolauschtere mussen an dat wat se héieren, einfach opschreiwen, ouni dass se en däitscht Wuert am Kapp hunn oder eng falsch Gewunnecht. Also de Prinzip: Wat héieren ech a wéi gëtt dat am Lëtzebuergesche geschriwwen?
S: Intressant!
C: Ech hunn nämlech immens vill Leit, fir déi ass et och schwéier auseneen ze halen: ei / éi / äi. Si denke ganz oft un déi däitsch Wierder. Wa si zum Beispill 'Zäit' schreiwe mussen, da schreiwe se dat ganz oft Zeit mat EI, well se dat am Däitschen ofgespäichert hunn.
S: A wat wier en typesche Feeler am Lëtzebuergeschen?
C: Typesch Feeler wieren zum Beispill och fir 'dat' oder 'wat' mat zwee A ze schreiwen, obwuel et just mat engem A geschriwwe gëtt. An soubal se am Cours Zäit hunn, fir iwwer Eenzelwierder nodenken, isoléiert, an ech se dann no der Reegel froen, ass dat iwwerhaapt kee Problem. Mee an engem Diktat, wou se vill Wierder musse beienee managen, do geet et hott an har an do geet et immens séier, dass se dann duerch Onopmierksamkeet einfach an al Gewunnechten erëm erafalen. An dofir hu mer zum Beispill meng schéin Trainingswierder wéi Fuermeschnéck oder Mouzeplumm, lauter Wierder, déi ech erfonnt hunn, fir engersäits hinne wierklech ganz kloer ze soen, lauschtert just, wat d' Wierder maachen an da schreift se. ... an och fir deene Leit am Cours d'Onsécherheeten ze huelen: "Wat ass, wa Wierder kommen, déi ech am Lëtzebuergeschen net kennen?" Weess de, et gëtt ëmmer méi jonk Lëtzebuerger mat Migratiounshannergrond, déi kee Lëtzebuergesch doheem schwätzen.
S: Et ass jo fir si och komplizéiert. Well et ass jo scho fir Lëtzebuerger net sou einfach!
C: Jo, ech denken och. An duerfir erfannen ech Wierder wéi 'floomsen' oder 'de Schléiwelchen', fir datt se sech einfach op d'Schreiwung konzentréieren. En aneren Aspekt, wéini esou fake Wierder benotzt ginn, ass och an der linguistescher Fuerschung,
S: A sou?
C: Also elo ewech vun der Orthografie a reng bei der Sproochstruktur, wann ëmmer gesot gëtt, et wier onkloer' ob Saache Femininum, Neutrum oder Maskulinum sinn. Also ob et lo ass 'déi Këscht, dat Këscht oder dee Këscht'. Als Mammesproochler weess de natierlech, et ass déi Këscht, et ass Femininum. Mee a Studie soll erausfonnt ginn, ob verschidde lautlech Strukturen oder Analogieeffekter dozou féieren, dass mir ee bestëmmte Genus benotzen. An do hu mer eeben esou eng Rei fake Wierder an der Linguistik, déi en teste kann, déi entspriechen den typesche Laut- a Wuertbaumechanismen vun enger bestëmmter Sprooch. An da seet een de Leit, dat heite Wuert, ass dat fir dech 'deen, déi oder dat'? Ech kann dech jo mol eng Kéier froen: Ass et fir dech 'deen, déi oder dat' Fuemeschnéck?
S: ____ Fuemeschnéck.
C: An da gëtt et natierlech Elementer, déi mer vill méi kloer soen, wéi ee Genus se kréien. Wann ech der elo soen: Klieperin ass och eent vu mengen erfonnte Wierder. Do géifs de ganz kloer soen, et ass ENG Klierperin, well de Suffix -in dir seet, dat ass potenziell eng weiblech Persoun an der Referenz. Oder wann ech soen Mouzeplumm?
S: ENG Mouzeplumm.
C: Ech ginn dovun aus, dass et hei en Analogieeffekt ass. Well 'Plumm' ass eng Mëschung aus 'Blumm' a 'Plomm' a béides (déi Plomm, déi Plumm) ass Femininum. Dat heescht, do gesäis de, dass mir och, wéi mer mat Wierder fueren, déi mer net kennen a wou mer iwwerhaapt kee Genus mat ofgespäichert hunn, dass mer do Analogië bilden oder einfach kucken, wéi d' Wuert opgebaut ass. Dat hëlleft och beim Léiere vun der Sprooch. Komm, ech liesen der nach e puer aus menger Lëscht vir: Grouz, Dréipel, Patzelter, klueken ... mee waart, ech mengen, ech wëll och nach kucken, wat eng KI zu dëse Wierder géif soen, wann ech se do aginn an no der Bedeitung froen!
S: Do sinn ech awer gespaant!
C: Ok, dat ass meng Aufgab fir d'nächst Woch, ech testen, wéi iwwerzeegend eng KI mat lëtzebuergesche Wierder ëmgeet, déi ech erfonnt hunn! A siche mer e schéint eraus als Titel vun der Episod, vläit en Adjektiv! Mee de Fuemeschnéck war natierlech och super!
S: Da soe mer der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op d'nächst Woch mat dem Phantasie-Wiwi-Wuert an der KI!
C: Merci och, a mäi Schlusswuert, dat gëtt et wierklech: Äddi!