Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
C: Haut schwätzen ech iwwer e Wuert, wat ech selwer réischt nei geléiert hunn. An zwar geet et ëm d'Haupeschbléiser.
S: Haupeschbléiser?
C: Kenns de dat, also kanns de der eppes drënner virstellen?
S: ______
C: Et ass en Deel vum Patrimoine zu Lëtzebuerg. D'Wuert setzt sech zesummen aus de Bléiser, also vum Blosinstrument, an Haupesch, wat op de St. Hubert zeréckgeet. Dat Instrument, wat se spillen, heescht op Franséisch 'trompe de chasse'.
S: Also en Horn fir op d'Juegd?
C: Genee, et ass eng Grupp vu Musikanten an hiert Instrument gouf effektiv konzipéiert fir d'Juegd, méi genee nach fir Juegden um Päerd.
S: A, lo verstinn ech, firwat s de dat Wuert erausgesicht hues! A wéi muss ech mer dat Instrument virstellen?
C: Et ass ronn gedréit, de Blechrouer ass 4,55 m laang, op 3 Toure gedréit an den Toun kënnt hannen eraus, dass een et no hannen héiert. Zu Lëtzebuerg spillen se haut mat der sougenannter Trompe d'Orléans, déi säit 50 Joer benotzt gëtt, well se anscheinend immens praktesch ass.
D'Instrument gouf viru ronn 400 Joer entwéckelt, an der Zäit vum Louis 14, wou se op d'Juegd geridde sinn. De Kinnek oder den Adel am Allgemengen ass do matgeridden, a fir de Wee net ze verléieren, resp. fir ze wëssen, wat se am Fong noreiden, gouf dat Instrument entwéckelt, wat ee um Päerd benotze kann. An et huet jee no Lidd ugewisen, ob elo grad en Hirsch oder e Wëllschwäin entdeckt ginn ass.
S: Spillt een dat da mat enger Hand oder wéi geet dat um Päerd?
C: Jo, dofir och e Blosinstrument ouni Knäppercher, well een déi aner Hand brauch fir ze reiden. En plus kann ee sech et ëmhänke wéi eng Posch.
S: An haut?
C: Haut blosen se och Fanfaren op Concerten. Et muss een dat Instrument beherrschen! Et geet do och ëm d'Musek! A weess de, wat ech besonnesch cool fannen?
S: So mer.
C: Et ass hiren Outfit. Well och wann se net ëmmer um Päerd sëtzen (wann se eeben zum Beispill just e Concert spillen), dann ass et eng richteg Reidertenue: se hu Reithelmer un, wäiss Reithändschen, en orangë Gilet an en däischterbloe Paltong mat orangen Accenter a gëlle Knäpp.
S: Dat kléngt awer och ganz britesch iergendwéi.
C. Jo, effektiv. Et ass eeben dat, wat dem franséischen an engleschen Adel gutt gefall huet a sech an Europa iwwer vill Joren etabléiert huet an dat gëtt an esou Kulure weidergedroen!
S: Scho cool, méchs du dat och?
C: Ech kann zwar gutt am Gallopp mat enger Hand duerch de Bësch düsen, mee ech spille leider kee Blosinstrument! A sinn och normal ugedoen.
An a propos Kultur, d'Haupeschbléiser: déi sinn elo Deel vum IKI. Et ass also eng Traditioun zu Lëtzebuerg, déi elo zum immaterielle Kulturierwe gehéiert.
S: A firwat heeschen se scho méi Haupeschbléiser?
C: Dat kënnt vum Saint Hauper – eng verlëtzebuergescht Form vum St. Hubert, dat ass hire Schutzpatroun, am franséischen Numm heeschen se "Trompe de Chasse Saint Hubert de Luxembourg". An aus de Bléiser vum Saint Hauper goufen dann d'Haupeschbléiser.
S: An du kanns eis bestëmmt soen, firwat den Hauper- zu Haupesch gëtt?
C: Naturellement. Ech ka jo net just Kulturwëssen ënner d'Leit bréngen, mee ech si jo hei, fir och linguistesch Saachen ervirzehiewen an ze erklären! Dat ass nees déi berüümt Assimilatioun vun RS zu SCH. Do hunn ech d'nächst Woch och nach e passend Wuert!
S: A wéi bass de eigentlech op dat Wuert vun haut komm?
C: Iwwer youtube, haha.
S: Wierklech elo?
C: Jo, kee Witz, de Kulturministère huet e richteg flotte Video vun 13 Minutten doriwwer gemaach mat villen Erklärungen, déi ech och als Grondlag fir dës Episod geholl hunn!
S: A wéi fannen ech deen?
C: Einfach Haupeschbléiser sichen. An elo nach mäi Claim for fame – dat schwaarzwäisst Päerd am Video kennen ech perséinlech!
S: An de Reider net?
C: Dach, och de Reider, Lëtzebuerg ass kleng. An nach eppes a puncto Kultur - ech wënschen Iech alleguer doheem ganz schéi Chrëschtdeeg mat Äre Léifsten!
S: Ma dat wënschen ech dir och! Merci fir haut, Caroline a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de eis nei Wierder bei WiWi erkläers.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!