Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert ass haut op eisem Ordre du jour?
C: Oho, de Monsieur. Ma mir kruten erëm eng Kéier e Message vun engem Wiwi-Fan, dofir als éischt e grousse Merci. An et ass dës Kéier ëm d'Wuert Plënnere gaangen. An et koum vun engem däitschen Nolauschterer. Do muss ech soen, dass ech och ganz frou sinn, dass mer och Leit hunn, déi Wiwi lauschteren, fir méi iwwert d'Lëtzebuergescht gewuer ze ginn, well se selwer nach kee Lëtzebuergesch schwätzen, mee einfach aus Interessi. An en hat ganz léif, eng ganz léif Noriicht geschriwwen an do huet e gefrot, wat dann plünneren, also en huet dat souguer extra mat Ü geschriwwen, wat plünneren eigentlech fir e Wuert wier a wou et géif hierkommen, well dat géif em als Däitsche ganz witzeg virkommen. Du weess jo, firwat et him witzeg virkënnt?
S: Jo, warscheinlech wéinst 'plündern'.
C: Jo, eeben. A well Plündern eppes vill méi Radikales ass, wéi dat lëtzebuergescht Plënneren, kucke mer awer, wéi dat am Fong historesch zesummegeet. Wann een elo d'Wunneng wiesselt, de seet een am Däitschen natierlech net plündern.
S: ... mee et seet een 'umziehen'.
C: Genau, do ass Umziehen. Mee mir soen awer net 'ëmzéien', mee mir soen Plënneren. Du kanns de mat dengem Büro plënneren, du kanns awer och Plënnercongé kréien. Also dat si jo normal offiziell Wierder, mir hunn einfach do keen anere Begrëff dofir. An Plënneren an Plündern geet awer tatsächlech op dee selwechten Ursprong zréck. Et huet béides mam däitsche Wuert Plunder ze dinn, kenns de dat?
S: Jo, ech mengen, dass einfach esou e bëssen, jo, esou Kreemchen. Also einfach esou ze vill vun allem.
C: Jo, jo, genee. An du hues elo scho säit dem 14. Joerhonnert d'Wuert Plunder oder Blunder an dat ass am Fong fir alles, wat esou am Haushalt zesummekënnt: Kleeder, Wäsch, Bettgezei, do steet och 'Hausgerät'. An dat huet sech dann iergendwéi ëmmer weiderentwéckelt. Do hu mer dann och esou eppes wéi Kleider, Gepäck oder dono och fir wertlose Sachen. An am Däitschen hu mer do eng Bedeitungsverschlechterung. An zwar war 'Plunder' iergendwann just nach fir Gerümpel oder Lompen. Sou huet sech also d'Substantiv 'Plunder' extreem verschlechtert mat der Zäit. Mer bleiwen awer lo mol méi an dem Beräich vun Hausrat. Also wann s du däin Hausrat mat op eng aner Plaz hëls.
S: An d'Verb 'plündern' kënnt dovunner?
C: Wat elo d'Verb 'plündern' ugeet, dat huet sech iergendwann esou manifestéiert, dass et drëm gaangen ass, dass een engem seng Saachen ewechgeholl huet. Do gouf da geplündert, wann ee friem Saachen ewechgeholl huet. A wa mir plënneren, dann huele mer eis eege Saachen ewech. mir sinn et, déi eisen 'Hausrat' ewechhuelen an op eng Plaz bréngen.
S: A bei Plünderen, do gi friem Saachen ewechgeholl.
C: Jo, dat heescht carrement 'ausrauben, rücksichtslos alles wegnehmen’. A wéi sou dacks rentéiert et sech do, net nëmmen an d'Standarddäitscht kucken ze goen. Well mir hunn heiansdo d'Tendenz, fir ze soen, ah mee am Däitschen ass et anescht, well wéi ëmmer hu mer natierlech och däitsch Dialekter, wou plünderen tatsächlech net just bedeit, dass engem eppes geklaut gëtt, mee wou Plünderen och bedeit, dass een d'Wunneng wiesselt oder och dass ee selwer seng Saachen zesummeraumt an erausplënnert. Also dat fënnt een do tatsächlech och.
S: A wou seet een dat genee?
C: An dat hu mer zum Beispill am Rheinischen Wörterbuch. An dat passt jo och ganz gutt, well dat ass jo direkt op där anerer Säit vun der Däitscher Grenz. Am Rheinischen Wörterbuch ass et souguer nach méi spezifesch. Do kann een och Saachen vun engem Raum an deen anere plënneren.
Hei ass e Beispill gewiescht mat Héichwaasser, dass een do ka soen, wann Héichwaasser kënnt, da gëtt geplënnert. Also wann Héichwaasser kënnt, da gëtt de Keller erausgeraumt an alles kënnt op den éischten Stack. Also dat steet sou ganz spezifesch do. An dat steet do als Verb fir de Raum Tréier Saar Wittlich-Bitburg. Dat heescht, do kennt een och Plündern oder Plinnern oder Plënneren.
Dobäi fält mer an, et gëtt natierlech och esou déi Déngen, wann een zu de Leit seet "Géi mer aus dem Wee", dass een da seet "Allez, plënner". Dat fannen ech och richteg wier och cool. An ech plënnere lo och, awer just aus dem Studio eraus.
S: Du kënns awer d'nächst Woch erëm?
C: Natierlech. Mer hunn nach ze vill cool Wierder, iwwer déi et vill spannend Saachen ze ziele gëtt!
S: Da merci, Caroline, a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!