Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Wat hues de eis haut matbruecht?
C: Wann d'Wieder richteg naass a kal ass – also typesch elo am Januar – wéi géifs de dat am Lëtzebuergesche bezeechnen?
S: _______
C: D' Wieder ass heiansdo besonnesch rëffeg. Mir geet et haut ëm d'Adjektiv 'rëffeg'. Erkenns de vläit, wéi ee Wuert do drastécht?
S: _____
C: A rëffeg ass eng Form, déi sech vu 'Roff' ofleet. An de Roff ass jo am Fong näischt anescht wéi Schorf.
S: Also dat, wat sech op Wonne bilt?
C: Jo, wa Wonnen esou Kruste kréien. Dat heescht och op Franséisch einfach 'croûte', do hate mer och nees den Hittchen, dee fir en historeschen S steet: croûte / Krust.
S: An elo am Franséischen dann ouni Hittchen, no der Reform.
C: Genee! Mee zréck bei eis Wonnen, de Roff ass jo déi Schicht, déi aus gedréchentem Blutt a Wondsekret besteet. An dat ass iergendwéi esou e bëssen eekleg. Dat ass eppes, wat d' Leit net immens gären hunn. Zréck bleift also d'Iddi vum Eeklegen. E Roff ass eekleg, eppes wat Rëff bilt, rëffeg ass, ass eekleg. An esou léisst sech dat Konzept op eppes iwwerdroen, wat dann näischt méi mam Kierper a mat Wonnen ze dinn huet. Wéi beispillsweis d'Wieder, wat da rëffeg ass.
S: A firwat seet ee 'rëffeg' an net 'roffeg'?
C: Dat läit dorunner, dass een bei 'Roff' en Ablautmuster huet. Mer hu ganz vill Wierder mat engem systematesche Vokalwiessel. Am Däitsche kennt een dat och, do ass de Vokalwiessel vun O zu Ö: Gott, göttlich.
An dee Wiessel ass am Lëtzebuergeschen O zu Ë: Mond > mëndlech an och Gott > gëttlech. Den O gëtt zu engem E mat Treema (ë).
S: Firwat kann een am Lëtzebuergeschen do net och e kuerzen "ö" huelen?
C: Schreifs du deen dann heiansdo? Bei Wierder wéi nërdlech, Wëllef, gëttlech asw.?S: ____
C: Et ass net wierklech en Ö op där Plaz, well d'Lëpsen net gerënnt sinn. Weess de, beim 'ö' muss een de Mond ganz spatz maachen, a beim 'ë' sinn d'Lëpse ganz labber souzesoen, an enger neutraler Positioun.
A virun 1975 huet ee vill Wierder och nach mat 'ö' geschriwwen! Am WLM-Dictionnaire vun 1906 steet de Pluriel 'Wöllef' beispillsweis nach mat engem 'ö'.
Mam LWB, also mam nächste grousse Lëtzebuerger Dictionnaire koum dann och d'Dictionnairesschreifweis, déi eis Schreifweis haut nach präägt. An an der sou genannter 75er-Schreifweis, well se 1975 festgehale gouf, huet et da geheescht, dass all dës Wierder mat 'ë' ze schreiwe sinn: hëlzen, Wëllef, gëttlech asw.
S: A firwat?
C: Ech denken, dass ee sech engersäits nom 2. Weltkrich méi staark vum Däitsche wollt ofgrenzen. An och d'Tatsaach, dass – wéi ech lo grad schonn ugedeit hat – de Laut einfach liicht anescht kléngt, well d'Lëpse beim 'ö' vill méi staark gerënnt sinn.
Mee et gëtt definitiv Wierder, wou de Laut iergendwéi e Spillraum huet tëscht dem Schwa, also dem "ë" an dem "ö" wéi lo bei "nërdlech", dat kann ech och e bësse méi rënnen.
S: Mee bei 'rëffeg' kann ee lo net wierklech bei en "ö" goen.
C: Nee, hei wier et ongewéinlech. Röffeg? Rëffeg? Et ka jo och sinn, dass de Laut virun iwwer 100 Joer méi staark als 'ö' geschwat gouf. Dacks huet de Laut hannendrunner en Afloss op d'Artikulatioun. Op alle Fall ass d'Grondwuert an deene meeschte Fäll mat engem "o", also de Laut entsteet aus engem "o". An an eisem Beispill war et de 'Roff' an dat rëffegt Wieder. Mee stell der mol vir, am Däitsche géif een d'Wieder 'schorfig' nennen, sou wéi mir rëffeg soen.
S: Am Däitsche kléngt dat wierklech net gutt.
C: An do gesäit een dann och ganz gutt, wéi d'Wuert 'rëffeg' de Lien zu de Wonnen och verluer huet.
A well mer haut sou vill iwwer Wonne geschwat hunn, wëll ech och nach eng Kéier all Mënsch dozou opruffen, sech emol an een Éischt-Hëllef-Cours anzeschreiwen. Do léiert een alles iwwer Wonnen an iwwer den Ëmgang domat! A ville Gemenge ginn der ëmmer nees op Lëtzebuergesch oder op aner Sproochen ugebueden. An et ass ni schlecht, sech do weiderzebilden! Dat geet ganz einfach iwwer de Site vum CGDIS.
S: Dat ass wierklech e gudden Opruff! Vläit schreiwen ech mech och an!
C: A ganz um Enn nach eng Kéier merci un all déi léif Leit, déi eis ëmmer bei WiWi schreiwen, sief et op eis Adress wiwi@100komma7.lu oder iwwer meng Homepage oder meng Unisadress – an ech sinn och ganz dankbar, dass dat ëmmer léif a wäertschätzend Messagë sinn. Ganz oft sinn et intresséiert Leit oder och spezialiséiert Leit, déi mer nach weider Iddie mat op de Wee ginn – op alle Fall richteg léif an e grousse Merci!
S: Dat hält een och motivéiert.
C: Jo, ganz genee
S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!