Listen

Description

De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft huet. Dës Affär weist, wéi schwiereg et fir Plattformaarbechter:inne ka sinn, hir Rechter ze verteidegen. Wëllt Lëtzebuerg de legale Kader veränneren, fir datt dat an Zukunft méi einfach gëtt?
"Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Serie iwwer déi nei Aarbechtswelt vun de Liwwerplattformen zu Lëtzebuerg verzielen d’Charlotte Bruneau an de Léonardo Kahn a fënnef Episoden, all Méindeg eng.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude Franck, Anke Meiser, Yves Stephany, Tessy Troes a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Ingo Dumlich.
Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu