Listen

Description

Gläich dräi Bicher vun der Jeanne Benameur, déi scho viru fënnef Joer Gaascht an der Voix d’Auteurs war mat hirem Roman “Ceux qui partent”, koumen dëse Januar a Frankräich eraus: de Roman “Vivre tout bas”, den Essai “Vers l’écriture” an de Gedichtband “Nous vous parlons d’amour”. Am Gespréich mam Jean Portante geet si dës Kéier haaptsächlech op hire Roman an. “Vivre tout bas” ass d’Geschicht vun enger Fra, vun där mir lues a lues gewuer ginn, datt si dem Jesus seng Mamm ass, d’Muttergottes also, an déi decidéiert, nom Doud vun hirem Jong, sech op eng Insel zeréckzezéien. Fir sech ze preparéieren en normaalt Liewen, net am Himmel, mee op der Welt ze féieren.