Listen

Description

Virun e puer Woche koum der Justine Bo hiren neie Roman "Si tu traversais les eaux" bei Gallimard eraus. Et ass d'Geschicht vun engem klenge Meedchen, dat nodeems seng ganz Famill a Bessarabien vu russeschen Zaldote massakréiert gouf, fortleeft an, zu Cherbourg, am Hotel Atlantique lant wou d’Flüchtlinge, déi an Amerika awandere wëllen, gesënnert ginn, éier si sech aschëffe kënnen. Bis dohinner ass d’Intrig zimmlech linear, mee séier mierkt een, dass et schwéier erauszefannen ass, ob d’Erënnerung vum Kand, dat an der Tëschenzäit eng jong Fra ass, mat der Realitéit ze dinn huet oder net. Vill Fragezeechen tauchen op eemol op, déi de Lieser an Otem halen. Doriwwer schwätzt d'Justine Bo mam Jean Portante an der Emissioun Voix d’Auteurs.