Virun zéng Joer war de Mathias Énard, deen am November 2015 de Goncourt fir säi Buch “Boussole” krut, scho mol zu Gaascht beim Jean Portante an der Emissioun Voix d’auteurs. Dës Kéier ass hien invitéiert fir iwwer deen éischte Band vu senger Quadrilogie “Mélancolie des confins” ze schwätzen. “Nord” ass den Ënnertitel. E melancholesche Spadséiergang duerch d’Stad Berlin, hir Stroossen, hir Kneipen an hir Librairien. Eng Promenad, déi sech haaptsächlech duerch d’Zäit an d’Literatur mécht, an där d’Personnagen, déi de Mathias Énard begéint, virun allem aner Schrëftsteller sinn, déi mat hirem Bléck d’Vergaangenheet opliewe loossen a sech mat sengen Erënnerunge vermëschen.