Listen

Description

Nieft dem Temple of Metal a gudde Concerten, déi zum Deel och vum Atelier organiséiert ginn, huet d’Rockhal och nach eng Programméierung, déi aus Tribute-Bands, Balleten oder de Chippendales besteet. De Jeff Schinker, deen alles, awer kee Fan vum spéide Coldplay-Wierk ass, war sech de Coldplay-Tribute-Owend vun der däitscher Coverband A Sky Full of Stars an d’Rockhal ukucken - a féiert eis net just duerch säin Owend, mee och duerch eng méi philosophesch Approche vun der Tribute Band.