Listen

Description

Et ginn Nouvellë vu Lët‘z Arles, also vun der ASBL, déi sech zanter 10 Joer dofir asetzt, datt op de renomméierte Rencontres de la photo vun Arles Lëtzebuerger Fotokonscht eng Plaz huet. Lët’z Arles vergi jo ewell zwee Luxembourg Photo Awards, kuerz LUPA: den Haapt-LUPA beinhalt eng Ausstellung wärend de Rencontres zu Arles; un de LUPA Mentorship ass eng Kënschtler:inne-Residenz zu Arles plus en Encadrement duerch Profie gekoppelt. And the LUPA Mentorship 2026 goes to ... Néckel Scholtus, Fotografin a -Pedagogin, 1982 zu Esch gebuer. D’Kerstin Thalau huet virun eiser Kulturen-Emissioun mat der frëschgebakener Laureatin geschwat.