Listen

Description

Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg lancéiert en neie Konferenzzyklus ënnert dem Titel TASTE, als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology”. Di éischt dräi Diskussiounssujete sti fest: den néngte Februar ass mat “On art, nature and technology” iwwerschriwwen; de 25. Februar mat “On bodies and practices”; de véierte Mee mat “On data and (dis)information”. Responsabel fir d’Programmatioun sinn déi ausgebilt Architektin plus Philosophin, aktuell Chercheuse, Nathalie Kerschen plus d’Kulturmanagerin Anouk Wies, déi zanter knapps véier Joer als strategesch Beroderin fir kulturell Affairen op der Uni um Belval aktiv ass. D’Kerstin Thalau wollt mat der Anouk Wies schonn emol e bësse pre-TASTEN.