Nach ëmmer ass d’Feier an der franséischer Stad net ganz geläscht. Eng déck Dampwollek hat sech jo gëschter iwwer Marseille breetgemaach. Dat nodeems en Auto Feier gefaangen hat a sech d'Flame wéinst dem Wand séier op den Norde vun der Stad ausgebreet haten. Et war awer net deen eenzege Brand gëschter, och an anere südlechen Departementer wéi dem VAR, Gard, Hérault an notamment bei Narbonne am Südweste gouf och géint d’Flame gekämpft. Wat ass de Bilan a virun allem: Muss sech Frankräich op e Summer voller Bëschbränn astellen? Eise Korrespondent Max Tholl mat engem Iwwerbléck