De Mikis Theodorakis gëtt op engem 29. Juli 1925 gebuer. Haut ass hien als Komponist, Schrëftsteller a Politiker bekannt.
Iwwer 96 Joer, an deenen de Museker Mikis Theodorakis lieft, entstinn iwwer 1.000 Kompositiounen an 1964 duerch de Film “Alexis Sorbas”, de Museksgenre Sirtaki. Mat senger Kompositioun gëtt hien zu engem weltwäite Phenomeen.
De Mikis Theodorakis engagéiert sech net just an der Musek, mee och fir d’Fräiheete vun all eenzelen. Hie setzt sech géint Drogen, d’Nationalsozialisten an den Terrorismus an a kämpft fir d’Gerechtegkeet op Landesniveau, wéi och fir d’Kulturzeen.
De Mikis Theodorakis fleegt och eng besonnesch Relatioun zu Lëtzebuerg. An deem Kader loosse mir dem Mikis Theodorakis säi Liewe Revue passéieren.