Listen

Description

E Concert ouni Musek? Dat klengt net logesch, an dach ass et méiglech. Den John Cage hat eng grouss Faszinatioun fir d'Stell a Musek ouni vill Téin. Säi Wierk "4`33" ass revolutionär, well keng eenzeg Nout ze héieren ass. D'Première ass de 29. August 1952 bei Woodstock am US-amerikaneschte Staat New York. De Publikum war ganz entsat.  

Den John Cage hat also eppes gemaach, wat virdru keen esou gemaach huet. Et ass e Wierk, bei deem d’Museker meeschtens einfach nëmmen op hire Still sëtze, mat hiren Instrumenter, a keng eenzeg Nout spillen. Dem Cage seng Iddi war et och, all kleng Beweegung aus dem Publikum ze héieren, zum Beispill wann een néitscht. Et geet drëm datt een sech bewosst gëtt iwwert all aner Geräischer am Concertssall. Ganz einfach gesot: et ass experimentell Musek.

De Joachim Fontaine verréit méi.