Den 20. Juli kann een e ganz besonnesche Velostuer maachen. De Start ass op der Mierscher Gare, an a puer Etappe fiert een op Schëndels, Mamer, Kohler a Péiteng. Bei all Statioun kann een e Concert mat Musek vum Johann Sebastian Bach lauschteren. De Rosch Mirkes, President vun der Bach-Vereenegung Lëtzebuerg huet mam Marie Trussart iwwer de Programm geschwat an ënner anerem verroden, wéi de Projet entstanen ass.