Listen

Description

"Wou d’Uelzecht - Stad" ass e Projet vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz zesumme mat der englescher Kënschtlerin S.L. Grange, deen Iech mat op eng Klangrees duerch de Stater Gronn, dem Pafendall a Clausen hëlt. Et ass eng immersiv Entdeckungsrees laanscht d’Uelzecht, déi unhand vu Soundcollagen, Kompositiounen, Gedichter an Erzielungen, Geschichten iwwer de Floss, mee och iwwer déi Mënschen erzielt, déi laanscht d’Ufere vun der Uelzecht gelieft hunn. D'Marie Trussart huet sech mat der Catherine Kontz am Stater Gronn getraff. Zesumme si si de ganze Circuit gaangen an d'Komponistin huet niewebäi lauter Geschichten iwwer de Quartier erzielt.