Look for any podcast host, guest or anyone

Listen

Description

Wien zu Lëtzebuerg op de Musekschoulen a Conservatoiren en Instrument léiert ass et gewinnt, reegelméisseg Prüfungen oder Examen ze maachen. Fir e puer geet dat awer net duer. Verschidde jonk Schüler:inne maachen och mat bei nationalen an internationale Museksconcoursen. Fir d'Maria Miteva, Enseignante fir Querflütt un der UGDA-Musekschoul, ass et wichteg, dat ze erméiglechen. Hir Schülerin Candice Diederich huet 10 Joer an huet scho mat 8 Joer bei internationale Concourse matgemaach. Viru Kuerzem huet hatt den zweete Präis bei der MOYSE Competition zu Sofia a Bulgarie gewonnen.
Déi jonk Schülerin an hir Enseignante verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi.