Listen

Description

D'Käercher Gréiweschlass ass zënter e puer Joer well d'Location fir de Concert vun der Militärmusek Ufank September.
Wou déi lescht Jore musikalesch Lännerreesen- oder Mëttelalter-Programmer zesummegestallt goufen, erënnert een dëst Joer un den 2020 verstuerwenen a fréiere Chefdirigent André Reichling. Hien huet ënner anerem 1989 déi offiziell Hymn vun der NATO komponéiert.
Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Lieutenant a Souschef-Dirigent vun der Militärmusek, de Jean Thill, iwwer de Programm. Mat dobäi huet hien och ganz vill Erënnerungen un den André Reichling an och méi lëschteg Anekdoten.