Listen

Description

Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf huet den 22. Juli 2025 dorop higewisen, datt 5 Prozent vun de Schüler:innen am Conservatoire du Nord hir Coursë wärend dem Schouljoer ofbriechen. Dat féiert zu Onkäschte vu ronn enger hallwer Millioun. Dofir fuerdert de Jean-Paul Schaaf (Éischte Schäffe vun Ettelbréck a President vum SYVICOL - Syndicat intercommunal des villes de Diekirch et d’Ettelbruck pour l’organisation et la gestion d’un établissement musical) an der zoustänneger Chamberkommissioun finanziell Hëllefe vum Staat. Dat am Kader vun der geplangter Evaluatioun vum Gesetz, dat zënter September 2022 gratis Musekscoursen hei am Land erméiglecht. Wéi et am Communiqué vun der Chamberkommissioun fir Educatioun heescht, briechen zanterhier “tëschent 2,5 an 10 Prozent vun de Schüler:innen, jee no Schoul oder Conservatoire, de Cours am lafende Schouljoer of”.
Mee wéi gesäit et an anere Musekschoulen aus?