D'Biodiversitéit an den europäesche Bannegewässer ass amgaang ze stagnéieren. Dat geet aus enger Etüd vum Luxembourg Institute of Science and Technology ervir, déi d'Unzuel u Liewewiesen ouni Wirbelen analyséiert huet. Nodeems sech d'Waasserqualitéit bis 2010 verbessert huet, ass d'Aartevillfalt an de Flëss an de leschte Joren erëm amgaang ofzehuelen. Detailer vum Sophie Schroeder