Eng Koppel, déi esou laang openee pecht, bis se wuertwiertlech net méi vunenee lasskënnt, een alkoholesche Realisateur a säi kéngste Projet - an eng Fra, déi lues a lues muss realiséieren, datt si dement ass an de Rescht vun hirem Liewen an engem Heem wäert verbréngen: d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen dem Joachim Trier säin zu Cannes mam Grand Prix ausgezeechente "Sentimental Value", dem Michael Shank säin australeschen Horrorthriller "Together" an der Sarah Friedland hire "Familiar Touch".