Listen

Description

© Chantal Maquet

Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ...

An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen.

An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot:

Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA).
Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg.
Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center.

"Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech.

Enregistrement a Montage: Carlo Link

Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari

Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch?

D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf.

D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft