Hannert dem Numm "Jones Gang" steet den Drummer Kenny Jones, dee bei de "Small Faces" an de "Faces" gespillt huet.
Nom Doud vum "The Who"-Batteur Keith Moon huet hien deem seng Plaz bei Daltrey a Co. ageholl. 2004 huet de Kenny Jones fréier Matspiller a Gäscht mat op d’Bün geholl fir un d'Karriär vum 1997 verstuerwene Ronnie Lane ze erënneren.
D'Opname sinn awer erréischt 10 Joer duerno als Duelelalbum an DVD erauskomm.
Zwee Live-Stécker erënneren dann un den Jeff Beck, deen dës Welt am Januar 2023 verlooss huet. Den engleschen Topgittarist hat 2016 seng 50 Joer Karriär am Hollywood Bowl mat villen Invitéeën gefeiert. Och hei ass de ganzen Optrëtt als Duebelalbum an am Bild op de Maart komm.