Et ass een absoluten Plaiséier kënne mat iech mäin éischte Podcast ze deelen. Et huet mech en plus richteg gefreet eise lokalen Rap "Phänomen“ de Bruce als éischte Gaascht ze hunn.
Dat Gespréich war richteg "deep“, mir hu ganz vill Sujet'en beschwaat, sierw et seng Jugend Impressiounen, Liewenschallenges, säin Emfeld a seng Famill, säin Erfolleg a wéi hien domat emgeet, de Rap Game zu Lëtzebuerg, Drogen, Verschwörungstheorien an etc. Wierklech vun allem.
Dir wäert definitiv Säite vum Bruce gewuer ginn wou dir net onbedéngt online oder a senge Lidder gesitt. Laangt Gespréich mä esou wat vun “worthy"! Genéisst et! A wann et iech gefällt, wier et wierklech cool wann dir mir ee Review a Rating maache géingt . Follow de Bruce op Instagram : @bazooka__brooze
Mäin Instagram as : @growthneverstops