An dëser Episode schwätzen d'Versavia an ech iwwert säin Hobby, dem Poledance, a wéi et zu sou Zäiten op der Première leeft. Hat erzielt iech alles wat dir jeemools iwwert Poledancing wësse wollt. Poledancing? ass dat net sou eppes fir Stripper? Nee - scho säit laangem net méi! Dat ass eng unerkannte Sportaart a gëtt zu Lëtzebuerg och an zwou Schoule praktizéiert. Leider gëtt déi Sportaart vu ville Leit nach net richteg "eescht" geholl, well si dat mat de Cabarete verbannen. Mais d'Versavia ass hei fir opzeklären!
Nierwend dem Poledancing hunn ech d'Geleeënheet benotzt, fir iwwert d'Première ze schwätzen. Wéi geet et de Primaner a wéi ass dat, wann dat coolste Joer engem "wäsch geholl" gëtt?
Dat a vill méi, gitt der an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren & Shareee ❤