De Maxime Weber ass mech zu Berlin besiche komm - Hien hat et amfong net wäit, well en selwer hei zu Kreuzberg wunnt :)
Mir hunn iwwert vill verschidden Theme geschwat: Enner anerem iwwert Leit déi seng Aarbecht als Aktivist géint Rietsextremismus verurteelen, mais awer och iwwert seng Passioun ronderëm Musek, Videoen a Filmer. Wärend dem Gespréich ass mir opgefall, dass de Maxime een ultimativen Alleskënner ass. Wat kann hien eigentlech net? Hien ass ee Schrëftsteller, hie war schonn a gefillt 20 Bands (Ech hunn opgehale mat zielen!), hie féiert Regie, schreift Theaterstécker AN neierdéngs mëscht en och fir seng nei Aarbecht Podcasts. Doriwwer a vill méi erzielt en iech an dëser Episoden. Vill Spaass beim Lauschteren!
**SUMMERPAUS** Mir gesinn eis am September rëm! Bis dohi lauschtert gären an déi al Episoden eran. Se sinn all worth it! No der Paus hunn ech eng Iwwerraschung fir iech 😊 Stay Tuned!
Maxime Weber Blog: https://www.facebook.com/maximeweberblog
https://deathwasamistake.bandcamp.com/album/there-are-gardens-in-the-abyss