Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei ville Saachen ee Stréch ënnert d'Rechnung gezunn huet, wéi wichteg Connections zu Lëtzebuerg sinn a schlussendlech schwätze mir och iwwert dem Jil Devresse säin éischt Lidd ënnert sengem Kënschtlernumm "Lilou". Vill Spaass beim Lauschteren!
.
.
.
Hannert dësem Podcast stécht vill Aarbecht a vill Energie. Falls dir Loscht an d'Méiglechkeet hutt mech z'ënnerstëtzen, da géing ech mech iwwert e klengen Don freeën. Op dësem Link fannt der méi Infoen doriwwer: ➡️ https://www.patreon.com/cecidoyouloveme
Dir kritt och natierlech eppes dofir zréck! D'Packages stinn all um Patreon Account. Falls du nach Froen dozou hues, dann zéck net a mell dech bei mir :)