Listen

Description

Jidderee spillt eng Roll an der Gesellschaft an oft geschitt et, dass Leit eng Roll iwwerhuele mussen, déi net wierklech bei si passt. Mir jonk Lëtzebuerger sinn extrem privilegéiert am Verglach zu aner Länner. Mir hunn bei der Auswiel vun eiser Roll ee Choix. An dat ass och villäicht de Grond, wisou mir et sou schwéier hunn eis fir de richtege Wee z'entscheeden.

De Christophe an ech diskutéieren an dëser Episode doriwwer, wéi et sech ufillt, net ze wëssen, wat een no der Première maache soll an och wat ee genau maache kann, fir eng Äntwert zu der Entscheedung ze fannen. Ausserdeem thematiséiere mir, wéi eng Roll d'Famill an d'Gesellschaft dobäi spillen a wéi fern béid eis Entscheedunge beaflossen.



Dem Christophe säi Youtube Channel: https://www.youtube.com/channel/UC6O8M4Z9rfDkG21U1QI5rrg



Followt mir op Instagram fir näischt ze verpassen a fir matzediskutéieren! https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/