An dëser Episode war ech bei den Band Memberen vun Tuys zu Besuch. Den Tun, Yan a Sam wunnen nämlech säit e puer Méint an enger WG zu Kreuzberg (net ze verwiesselen mam Kräizbierg zu Diddléng). Sie erzielen wéi et ass säit jonkem Alter an enger Band ze sinn an wéi sech dat alles zesummen entwéckelt huet. Zemools wann et dorëms geet zesummen Konflikter ze léisen, hunn si hier eegen Aart a Weis fonnt fir domadder ëmzegoen. Nierwend dem Band Alldag schwätzen mir enner aanerem och doriwwer wéi een et hikritt als Museker ze liewen an wéi hier nei Videoen eng perfekt Mëschung aus Deepness an Topegkeet sinn.
An mäin perséinlechen Highlight: an dëser Episod gëtt den Geheimnis gelëft woufir Tuys wierklech steet. Sou obvious ass et nämlech net.
An do war nach eppes mat enger Verschwörungstheorie... Anscheinend huet Tuys Corona viraus gesinn. Häh? Ma dat a vill méi gitt der an dëser Episode gewuer! Vill Spaass beim Lauschteren!
Instagram TUYS: https://www.instagram.com/tuysband/
Youtube TUYS: https://www.youtube.com/channel/UCrI876wnVkxXOqfCORdvUvQ
Instagram CECI: https://www.instagram.com/cecidoyoulove.me/