Et as rem souweit. Mer sinn rem do. Brandnew wei een Tesla Cybertruck sinn mer ready fier iech. Ganz ouni futiss Fenster.
Mais dofier awer pünktlech wei d' CFL
An den Highlight vu der Woch: eng Koppel neier Rubriken dei mer iech net vier enthalen wellen. Lo souguer mat Jingle. Halleluja.
Dodrop mol lo een Gin. Oder 2. Egal haaptsach mer sinn mol rem voll. Iwwert vill Themen gett natierlech och geschwaat. Weisou sech bei California Rolls an der neister Netflixdoku iwwert d Welt Suergen gemaach gett an weisou och mer Fesch am leiwsten Kiloweis geifen roofdonneren. An weisou daat vielleicht keng sou gudd Ideen wieren.
Dem ben gett et als eisterreisch Korrespondent richteg objektiv, ouni vierun groussen Gebeier stoen ze mussen. Soss stinn di jo emmer vierun den Parlamenter vun der Welt.
Nierwt dem Vodka Ritual beim Yoga kommen och dem Albert seng russesch Wuertzelen net ze kuerz an en leisst sein Kommunist raus. Deen blöden Marx Versteher. Den war zwar net Russ mais daat as den Prince Phillipe och net gewiescht. Dofier huet deen awer em sou mei gedronk. 99 Joer aal, huet jo geklappt. Och wann een leiwer opronnen weillt, wei beim Tanken. Do as 100 schon dei mei geil Zuel. Egal..
Prenz as schon eppes geiles nee ? Fier dei eng as en Maskottchen, dei aaner Prince, an dann gett een Vollekchen op der Tunna Insel, dei et bessien ze weit mat der Vergötterung vum aalen Prince Gin gedriwwen huet. Dozou awer mei. Wei beim drenken vum selwergemaachtenen äppel Schnaps vum Noper heescht et och hei einfach, aan zou an roof domatter. Oder sou ähnlech. Dono geet et engem besser. Garanteiert.
Bleiwt Steif an net vergiessen, en Kuss fier den Bus
Ben an Albert