Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript

Am Supermarché

A: Ups, ech hunn d’Akafslëscht doheem vergiess!

B: O! Weess de dann nach ongeféier, wat drop steet?

A: Jo, mee ech hoffen, datt ech näischt vergiessen.

B: A lass! Solle mer Blumme kafen?

A: Hmm, déi gefale mer elo net immens, an dir?

B: Nee, ech waarden op d’Tulpesaison.

A: Ok! Also...fir eis Bolognesezooss brauche mer mol: Ënnen, Knuewelek, frësch Tomaten, Muerten an Zelleri.

B: Komm, mir kafen och nach Courgetten, Paprika a Champignonen.

A: Jo. Banannen...

B: ...Äppel a Bieren... Häss de gär Drauwen?

A: Jo, gär! Soss nach eppes?

B: Nee. Da gi mer weider. Mmm, de Sushi gesäit gutt aus. Solle mer dat de Mëtteg iessen? D’Bolognese kache mer den Owend.

A: Jo, gutt Iddi! Komm, mir kafen eis nach Mëtschen an eng frësch Baguette fir de Kaffi muer. An och nach e Bauerebrout.

B: Kuck, dee Wäin do ass an der Reklamm! Dräi Fläsche fir de Präis vun zwou.

A: Ass en da gutt?

B: Jo, ech kennen en. Ech hunn e gär. Hu mer nach genuch Tomatepüree?

A: Ech mengen, mee huel nach eng oder zwou Fläsche Passata. An e puer Päck Spaghetti.

B: Ech gi mol dëse Gank erof, kanns du séier d’Gehacktes siche goen?

A: Hei sinn ech nees. Ech hunn och nach gerappte Kéis an e Stéck Parmesan matbruecht.

B: Ech hunn nach Räis, Lënsen, Orzo a Lënsennuddelen an de Caddie geluecht.

A: Ok, da komm mir ginn elo nach bei d’Mëllechprodukter.

B: Ass dann nach genuch Plaz am Weenchen?

E Kaffi drénke goen

A: Moien! 

M: Moien! Kënne mir eis setzen oder musse mir hei beim Comptoir bestellen? 

A: Hei beim Comptoir, wgl.  

M: Ok! Ech hätt gär e Cappuccino. Hutt dir och planzlech Mëllech? 

A: Jo, mir hunn Huewer- a Sojamëllech.  

M: Super! Dann huelen ech de Cappuccino mat Huewermëllech, wgl.  

A: Ok. Kritt dir och eppes? 

F: Hutt dir och normale schwarze Kaffi? 

A: Jo, natierlech! Mat oder ouni Zocker? 

F: Einfach schwaarz, wgl. Ouni Zocker.  

A: Hätt dir och gär eppes fir z’iessen? 

M: Jo, ech huelen e Stéck Carrot Cake. Oder sinn do Nëss dran? 

A: Jo, deen ass mat Nëss.  

M: A, schued, ech sinn allergesch op Nëss. Dann huelen ech e Croissant.  

A: Gefëllt oder normal? Déi gefëllt si mat Schockela.  

M: Dann huelen ech e gefëllte Croissant. Hëls du och eppes? 

F: O jo, déi Kéistaart gesäit nawell gutt aus! Ech huelen e Stéck dovun.  

A: Bezuelt dir zesummen oder getrennt? 

F: Komm, ech lueden dech an! 

M: O, dat ass awer léif, Merci.  

A: Dat mécht dann 22,50 €, wgl.  

F: Ou?! Dir hutt awer gepeffert Präisser.  

M: Ech wousst net, datt s du knéckeg wiers!  

F: Ech sinn net knéckeg, mee ech fannen et awer zimmlech deier.  

A: Jo, mee mir hunn nëmme regional a Bio-Produkter. 

M: Solle mer dann net awer eenzel bezuelen? 

F: Nee, ‘t ass gutt, d’nächst Kéier ass et dann un dir.  

M: Ok … da komme mer awer net heihinner.