Listen

Description

Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht! 

Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ? 

-

Transkript: 

A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus? 

B: Buch. 

A: An dat? 

B: Bicher. 

A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”? 

B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”. 

     An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen. 

     Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ]. 

ach, och, uch 

     So eng Kéier: ach, och, uch 

A: ach, och, uch 

B: Gutt. Hei si Beispiller:  Kach, nach, kachen, aacht, maachen 

A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen 

B: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch 

A: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch 

B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen 

A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen 

B: Gutt! 

A: Ok. Gëtt et Exceptiounen? 

B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem  
      Franséischen: Tâche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché 
 
     Sou. Wa virun dem “ch” en “i”, en “e” oder en “ä” ass, da soe mir [ɕ]. 

     ich, ech, äch  - “äch” mat “a Treema, c, h” oder “ech” mat “e,c,h” 

    So eng Kéier: ich, ech, äch 

A: ich, ech, äch 

B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich,  Noriichten 

A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten 

B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen  

A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen 

B: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht 

A: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht 

B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem “ch” en “s” steet, da prononcéiere mir den “ch” als [k]. 

Beispiller: Dachs, Ochs, nächst, Nächsten, sechs, Béchs, Schongwichs,  

      Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den “s” en Deel vum Wuert      
      ass.  
      Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, Besuchszäit, du sichs,  
      du gläichs, du méchs, asw. 

      So zum Schluss elo nach eng Kéier d’Reegel: 
      ach och uch 
      ich ech äch 

A: ach och uch 
     ich ech äch 

B: Perfekt! 

A: Cool Merci fir d’Explikatiounen! 

B: ‘t ass gär geschitt!