Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.

Haut hu mir e speziellen Episod: Mir trainéieren zesummen d'Aussprooch (Prononciatioun) vun de Vokaler.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

Am Lëtzebuergeschen hu mir dës Vokaler: i, u, e, o, a.

Dozou gehéieren och d'Ëmlauter mat Treema: a mat Treema: ä, e mat Treema: ë, o mat Treema: ö, u mat Treema: ü.

Elo trainéiere mir d'Aussprooch zesummen. Ech soen d'Lauter fir d'éischt an dir schwätzt haart no: i, u, e, o, a, ä, ë, ö, ü.

Heiansdo schwätze mir d'Vokaler laang aus:  

[i:] wéi bei siwen an heiansdo kuerz:  [i] wéi bei siwwenzéng.

siwen – siwwenzéng.

laang: [u:] wéi bei Tut – kuerz: [u] wéi bei Buch 

Tut – Buch 

laang: [e:] wéi bei Meter – kuerz: [e] wéi bei Méck

Meter – Méck

laang: [o:] wéi bei Fro – kuerz: [o] wéi bei Posch 

Fro – Posch 

laang: [a:] wéi bei Dag – kuerz: [ɑ] wéi bei Ball

Dag – Ball

laang: [ɛ:] wéi bei lämen – kuerz: [æ] wéi bei Äddi

lämen – Äddi

Den “ë” existéiert net als laange Vokal. Mir prononcéieren e just kuerz: [ə] wéi bei Fësch

Fësch.

laang: [ø:] wéi bei Fön – kuerz: [ø] wéi bei Ökolog

Fön – Ökolog

laang: [y:] wéi bei Süden – kuerz: [y] wéi bei Küst

Süden – Küst