Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’.

- - -

Transkript:

Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond.

Sot eng Kéier „Buch“.

An elo [x].

Do wou dir de  [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ].

[x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ]

An elo: [ʀ] [ʀ] [ʀ]

Elo héiere mir Beispiller an dir widderhuelt:
-rout, rosa, richteg, roueg, Rous, ronn, reesen, Rees, ruffen, Reen.
-Arabesch, brong, Brout, Crème, dräi, drësseg, eraus, eran, erof, erop, froen, Fro, frou, grouss, Grad.
-Iran, Irland, krank, Orange, Organ, prett, Problem.
-Sri-Lanka, Tram, Trick, urban, uruffen, vreck, vrun, Wrack, zréck.

-De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

Ech widderhuelen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

Schwätzt mat mir zesummen: De Robert an de Rafael reparéiere rout Rakéiten.

-Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

Ech widderhuelen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

Schwätzt mat mir zesummen: Mäi Brudder bréngt d'Brout an de Brot op Bréissel.

-Dann nach eng Zuel: dräidausendräihonnertdräiandrësseg. Dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.
Schwätzt mat mir zesummen: dräidausenddräihonnertdräiandrësseg.