Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Tranksript:

 

A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”? 

B: Dat ass eng gutt Fro! 

     D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey”     
     oder “Ey”. 
     So eng Kéier: [ɜɪ]. 

A: [ɜɪ] 

B: Tipptopp! 

     So eng Kéier “Äddi”. 

A: Äddi 

B: Beim “ä” maache mir de Mond grouss op: Äddi 

     Beim “é, i” ass de Mond méi zou wéi beim “ä, i” : [ɜɪ] 
     Beim “ä, i” ass de Mond méi grouss op wéi beim “é, i” : [æːɪ] 
     Lauschter eng Kéier: “ä, i” : [æːɪ]  an elo  “é, i” : [ɜɪ]. 
     [æːɪ], [ɜɪ] [æːɪ], [ɜɪ]. 

     So eng Kéier “äääiii”. 

A: äääiii 

B: An elo “éééiiii”. 

A: éééiii 

B: äi, éi, äi, éi 

A: äi, éi, äi, éi 

B: Tipptopp! 
     So eng Kéier “wéi”. 

A: wéi 

B: An elo “Wäin” 

A: Wäin 

B: So “wéi, Wäin” 

A: wéi, Wäin 

B: So “Wéi geet et dir? 

A: Wéi geet et dir?                   (accentuer le Wéi

B: So elo “Wäi geet et dir?” 

A: Wäi geet et dir? (accentuer le Wäi

B: Dat ass falsch, gell? 
     “Wéi geet et dir?” ass richteg. 
     “Wäi geet et dir?” ass falsch. 
     Hei sinn nach Wierder mat “äi” fir d’Aussprooch ze trainéieren: 
     Äis, äiseg, äiskal, Äiszäit, Zäit, Veräin, mäin, däin, säin, bäissen, Däitsch,  
     däischter, jäizen, näischt, Päischtvakanz, säit/Säit, wäiss. 

A: Villmools Merci fir deng Hëllef! 

B: Ganz gär geschitt!