Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag? 

B: Nee, nach net. 

A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken. 

B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flottes: en Abonnement, fir Blummen ze verschécken! 

A: Wat ass dat? 

B: Majo, et gi Blummebutteker, do kanns du en Abonnement fir e Bouquet Blummen ofschléissen. Da kriss du all Woch oder ee Mol de Mount e Bouquet heemgeschéckt. 

A: A wat ass, wann de Bouquet mir net gefält? 

B: Keng Suerg, op der Internetsäit kann ee seng Preferenzen notéieren, wéi zum Beispill d’Zorte vun de Blummen an och d’Faarwen. Da kritt d’Mamma genee dat, wat hir gefält. 

A: Immens flott! Komm, mir kucke mol online. 

... 

B: Dat do Abonnement kléngt gutt…25 Euro de Mount. Wéi vill Méint solle mer maachen? Fir 200 Euro, also 100 Euro fir jiddereen? 

A: Jo, da kritt se wärend 8 Méint e Bouquet. A wann hir dat gefält, da kënne mer  hir et nach eng Kéier fir hire Gebuertsdag schenken. Si huet an 8 Méint Gebuertsdag. 

B: Tipptopp! Ok, wat solle mer hei schreiwen? 

A: Fir d’éischt: de Bouquet ass fir eis Mamm, Alter 62. 

B: Wat fir Blummen huet si gär? Tulpen... 

A: Jo, si huet giel, rosa, orange a rout Tulpe gär...keng Rousen, déi fënnt se kitscheg. 

B: Jo, a Margréidercher a Sonneblummen huet se gär. 

A: An Orchideeën! 

B: Si huet awer scho vill Orchideeëstäck doheem. 

A: Ok, keng Orchideeën. Schreif nach Narzissen! 

B: Wéi eng sinn dat nach méi? 

A: Narzissen heeschen och nach “Ouschterblummen”. 

B: A jo!  

A: Si huet och nach Péngschtrouse gär. 

B: Sees du “Péngschtrousen”? Ech soe “Päischtrousen”. 

A: Dat ass egal, déi zwee si richteg. 

B: Ok... 

A: Mir fale keng aner Blumme méi an. 

B: Mir och net. Notéier nach: “faarweg” a “waarm Faarwen”. Kee mof oder blo. 

B: Am Fong sinn d’Blummenzorten egal, Haaptsaach de Bouquet huet waarm Faarwen, ass net kitscheg an d’Blumme si regional a saisonal. 

A: Ass notéiert!