Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkript:

Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen.

Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös.

Fra: Solle mir zwee zesumme léieren?

Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren.

Fra: Hues du e Méindeg den Owend Zäit?

Mann: E Méindeg? Um wéi vill Auer?

Fra: Géint 19:30 Auer.

Mann: Dat geet leider net. Meng Fra huet dann e Yogacours. Ech muss dann doheem sinn, fir d'Kanner an d'Bett ze leeën.

Fra: Hues du en Dënschdeg no der Aarbecht Zäit?

Mann: Jo. Dat geet. Ech fänken da moies um 7:00 Auer mat schaffen un. Da kann ech schonn um 16:00 Auer mat schaffen ophalen.

Fra: Perfekt. Wou treffe mir eis?

Mann: Solle mir an „d'Märeler-Stuff“ goen? Dat ass en neie flotte Café am Park, zu Märel.

Fra: Et ass bestëmmt flott do. Mee, ech mengen et ass net roueg am Café.

Mann: Dat ass richteg. Solle mir an d'Mediathéik vum INLL goen?

Fra: Jo, firwat net? Se ass bis 19:00 Auer op. 

Mann: Tipptopp. Treffe mir eis direkt um 16:15 Auer an der Mediathéik?

Fra: Schaffs du net um Boulevard Royal?

Mann: Dach.

Fra: Ech och. Da komm mir huelen den Tram zesummen, um 16:05 Auer. 

Mann: Ganz gär.

Fra: Super. Bis en Dënschdeg dann! A vergiess däi Buch net!
Mann: Ech probéieren. Allez... Äddi! Bis en Dënschdeg.