Listen

Description

Wëllkomm an der Poterkëscht!

Haut schwätze mir iwwer d’Theema Wunnengssich (A2.1). De Marc sicht eng nei Wunneng, an d’Sarah kann him villäicht hëllefen.

Vill Spaass beim Nolauschteren! 

---

Transkript:

Sara: Salut! An, wéi leeft et mat der Wunnengssich?

Marc: Hey! Pff, et ass wierklech net einfach. Ech hu schonn e puer Annoncë gekuckt, mee ech fannen einfach net dat Richtegt.

Sara: Dat ass awer blöd. Mee ech kann der vläicht hëllefen. E Kolleeg vu mer plënnert deemnächst, an ech mengen, seng Wunneng kéint eventuell passen.

Marc: Ou? Dat kléngt interessant! Hues du e puer Infoen iwwert d’Wunneng?

Sara: Jo. Se huet zwee Schlofzëmmer, eng grouss Kichen an e klengt Buedzëmmer. Se läit an engem rouegen Eck zu Märel an ass gutt mat den ëffentlechen Transportmëttel verbonnen. Se läit net wäit ewech vum Märeler Parc an et sinn och e puer Butteker an der Géigend. Just eng Parkplaz gëtt et mengen ech keng. 

Marc: Dat héiert sech jo scho mol gutt un. Eng Parkplaz brauch ech net, ech hu jo keen Auto. Weess de och, wéi héich de Loyer ass?

Sara: Ech mengen, de Loyer ass zimlech fair fir d’Lag an d’Gréisst vun der Wunneng. Ech denken, dat wier an dengem Budget.

Marc: Cool! Dat kléngt wierklech gutt. Kanns du mer dengem Kolleeg seng Nummer ginn?

Sara: Kloer, ech schécken der se direkt. Wann s de eng Fro hues, fro hien einfach. Et ass fir hien och bestëmmt méi einfach, wann hien dem Proprietär direkt en neie Locataire virstelle kann.

Marc: Definitiv. Ok, Merci! Ech melle mech da bei dengem Kolleeg a kucke mat him e Rendez-vous auszemaache fir d’Wunneng kucken ze goen.

Sara: Gär! A wann s de Hëllef beim Plënnere brauchs, mell dech roueg.