Listen

Description

Wëllkomm am éischten Episod vun der Poterkëscht!

Haut léiert dir e puer nëtzlech Informatiounen, déi dir an ärem Lëtzebuergeschcours gebrauche kënnt.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

---

Transkriptioun:

Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mam Proff schwätzen:

-      Entschëllegt, ech hunn eng Fro.

-      Wéi seet een … op Lëtzebuergesch? 

-      Wat heescht... ?

-      Ech verstinn dat net.

-      Kënnt dir dat widderhuelen, wgl.?

-      Kann ech eng Kopie kréie wgl.?

-      Ech wëll d'Ecoute nach eng Kéier lauschteren wgl.

 

Hei e puer Sätz, wann d'Apprenantë mat anere Kolleegen an der Klass schwätzen:

-      Hues du e Blat fir mech?

-      Kanns du mir e Bic léine wgl.?

-      Kanns du mir hëllefen?

-      Merci!

-      Gär geschitt!

 

Hei e puer Sätz, wann de Proff mat den Apprenantë schwätzt:

-      Schwätzt zu zwee.

-      Schwätzt an der Grupp.

-      Schwätzt mat Ärem Noper oder mat Ärer Nopesch.

-      Liest den Text.

-      Liest zu zwee.

-      Lauschtert d'Ecoute.

-      Kombinéiert.

-      Schreift oder notéiert.

-      Kräizt un.

-      Ënnersträicht.

-      Huelt d'Buch op der Säit ...

-      Maacht d'Buch op.

-      Maacht d'Buch zou.

-      Stitt op wgl.

-      Sëtzt iech wgl.

-      Schafft zu zwee.