Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen.

-

Transkript:

A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher!  

B: Jo, de Chrëschtmaart ass och virun e puer Deeg opgaangen. 

A: Stëmmt! Solle mer e klengen Tour driwwer maachen? 

B: Hmm, ech hunn net wierklech Loscht … Et ass mir kal, an ëm dës Zäit ass et ëmmer esou voll … 

A: Dajee, komm! Mir ginn och net laang, versprach! Et gëtt bestëmmt vill ze kucken. Et richt och schonn no Glüwäin a gebrannte Mandelen … 

B: Ok, ok, du hues mech iwwerzeegt. Awer nëmmen, wann ech mir och e puer Gromperekichelcher kafe kann! 

A: Natierlech! Mir kucke fir d’éischt e bëssen, an da kafe mir eis eppes ze drénken an z’iessen.  

B: Du has Recht, et ass wierklech eng gutt Stëmmung hei.  

A: Gesäis de! Komm, mir kucken emol, wat se hei um Stand alles hunn. Vläicht fanne mir jo e Kaddo fir deng Frëndin? 

B: Gutt Iddi! Hatt ass frou mat selwergemaache Saachen.  

A: Kuck emol, wéi fënns de dës Holzfiguren? Déi si bestëmmt vun Hand geschnëtzt. 

B: Hmm, ech weess net, ech fanne se e bësse kitscheg. Mee vläicht kafen ech um Stand niewendrun e Glas Hunneg. Dat ass ëmmer gutt ze hunn an där kaler Joreszäit. 

A: Wéi wier et mat engem Glüwäin? Dovu gi mer bestëmmt waarm! 

B: Ech sinn dobäi. Komm, mir stellen eis hei an d’Rei. Ech hunn héieren, datt de Glüwäin op dësem Stand dee beschten ass. 

C: Moien! Wat kritt Dir? 

A: Zwee Glüwäin, wannechgelift.  

C: Gär. Rouden oder wäissen? 

A: Rouden, wannechgelift. 

C: Voilà. Dat mécht 12 €. Op all Glas sinn 2 € Pfand. 

A: Merci! 

B: Prost, Liz, op de Chrëschtmaart! 

A: Prost! (Kuerz Paus) Mmmh, dee Glüwäin ass wierklech gutt!  Du has Recht, Paul, dat ass dee beschte Stand! 

B: Sou, elo sinn ech awer e bëssen hongereg. Kuck emol, hei hu se Mettwurscht a Gromperekichelcher. Solle mer eis eppes huelen? 

A: Jo! Ech hu richteg Loscht op eng Mettwurscht. 

B: An ech huele mer e puer Gromperekichelcher. Dat ass Traditioun! 

D: Gudden Owend ! Wat kritt dir? 

B: Fir mech Gromperekichelcher, mat Äppelkompott wannechgelift. 

A: An ech huelen eng Mettwurscht mat Moschter, wannechgelift. 

D: An der Rei. Dat mécht 13€. 

A: Kanns de dat gleewen? 8,50 Euro fir Gromperekichelcher mat e bëssen Äppelkompott! De Chrëschtmaart gëtt wierklech all Joer méi deier … 

B: Do hues de Recht. Mee se si wierklech fantastesch! Wëlls de e Stéck schmaachen? 

A: Jo, gär! Hei, du kanns och eng Kéier a meng Wurscht bäissen. 

B: Mmh, déi ass och gutt! Du has awer Recht, et war eng gutt Iddi, nach en Tour iwwer de Chrëschtmaart ze maachen. 

A: Ha, ech sot et jo ! Et ass ëmmer eng gutt Iddi, op de Chrëschtmaart ze goen.