Listen

Description

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger um Policebüro. Vill Spaass beim Nolauschteren!

Transkript:

Declaration de perte 

Polizist: Gudde Moien, Madamm. Wéi kann ech Iech hëllefen? 
Madame Goedert: Gudde Moien. Ech wollt eng Déclaration de Perte maachen. Ech hu mäi Portmonni verluer. 
Polizist: Ok. Wéini hutt Dir gemierkt, datt Dir Äre Portemonni net méi hutt? 
Madame Goedert: Gëschter, wéi ech heem komm sinn. Ech wollt mäi Portmonni aus der Posch huelen, mee e war net méi do. 
Polizist: An der Rei. Wéini hutt Dir e fir d’lescht gesinn? 
Madame Goedert: Am Supermarché, géint 15:30 Auer. Ech hu mat der Kaart bezuelt. 
Polizist: Also warscheinlech tëscht dem Supermarché an Ärem Doheem. Sidd Dir nach iergendwou stoebliwwen? 
Madame Goedert: Jo, ech war nach kuerz op d’Gare eng Frëndin sichen. 
Polizist: An Är Posch war zou? Oder konnt een einfach dragräifen? 
Madame Goedert: Se war zou, mee et war vill Gedrécks op der Gare. Vläicht huet een eppes geholl. 
Polizist: Wat genau war am Portmonni? 
Madame Goedert: Meng Identitéitskaart, meng Kreditkaarten, meng Krankekeesekäertchen, e puer Suen – ongeféier 25 Euro – an eng Foto vu menger Kaz. 
Polizist: Wéi gesäit de Portmonni aus? Faarf? Material? 
Madame Goedert: En ass schwaarz-wäiss getëppelt aus Lieder, mat engem klenge roude Knapp. Et ass mäi Liblingsportmonni. 
Polizist: OK, ech notéieren alles. Ären Numm a Gebuertsdatum wgl. 
Madame Goedert: Caroline Goedert, ech sinn den 10. Abrëll 1989 gebuer. 
Polizist: A wéi ass Är Adress, wgl.? 
Madame Goedert: 15, rue du Bois, zu Märel. 

Polizist: An da brauch ech nach Är Telefonsnummer, wgl. 

Madame Goedert: 671 598 485. 
Polizist: Gutt. Mir maachen eng offiziell Deklaratioun. Wann e fonnt gëtt, ruffe mir Iech un.  
Madame Goedert: Merci villmools. Muss ech nach eng Kéier kommen? 
Polizist: Nee, just wa mir eppes fannen. Dir kritt och eng Kopie fir d’Bank an d‘Versécherung. 
Madame Goedert: Super. Meng Kreditkaarte si scho gespaart, da ginn ech elo direkt op d’Gemeng fir eng nei Identitéitskaart. 
Polizist: Dat ass eng gutt Iddi. Hei ass d'Deklaratioun – ënnerschreift wgl. hei. 
Madame Goedert: Merci nach eng Kéier. 
Polizist: Gär geschitt, Madame Goedert. E schéinen Dag nach! 

 

Abroch Auto 

Polizistin: Gudde Moien. Wéi kann ech Iech hëllefen? 
Martine Weber: Moien. Ech wëll eng Plainte maachen. A mäin Auto ass agebrach ginn. 
Polizist: Dat deet mir leed fir Iech. Wéini ass dat geschitt? 
Marc Weber: Ech mengen an der Nuecht. Gëschter Owend um 19:00 Auer war nach alles normal. 
Polizist: Wou stoung den Auto? 
Marc Weber: Viru mengem Haus, an der rue des Roses, zu Beetebuerg. 
Polizist: A wéini hutt Dir et gemierkt? 
Marc Weber: Haut de Moien, wéi ech op d’Aarbecht wollt fueren. D’Fënster op der Beifuerersäit war futti. 
Polizist: Wat ass geklaut ginn? 
Marc Weber: De GPS, eng Jackett, eng Posch mat Dokumenter an e Sonnenbrëll. 
Polizist: Wat fir Dokumenter waren an Ärer Posch? 
Marc Weber: Mäi Carnet d’entretien vum Auto a meng Dokumenter vu menger Versécherung.  

Polizist: Wéi gesäit Ären Auto aus? 
Marc Weber: Et ass e bloe VW Golf, fënnef Dieren. D’Plackennummer ass WC 2306. 
Polizist: Sidd Dir de Besëtzer vum Auto? 
Marc Weber: Jo. 
Polizist: An hutt Dir eng Versécherung géint Déifstall? 
Marc Weber: Jo, ech hunn eng Vollkaskoversécherung. 
Polizist: Da kënnt Dir dëse Rapport benotzen, wann Dir Är Versécherung kontaktéiert. 
Marc Weber: Muss ech nach eppes maachen? 
Polizist: Nee, mir maachen elo de Rapport. Dir kritt eng Kopie. Wa mir Informatiounen hunn, da melle mir eis. 
Marc Weber: Ech hoffen, datt Dir eppes fannt. 
Polizist: Dat hoffe mir och. Gëtt et Kameraen an Ärer Strooss? 
Marc Weber: Jo, ech mengen bei der Apdikt ass eng Kamera. 
Polizist: Dat ass gutt, da froe mir bei der Apdikt no. Gitt eis wgl. nach Är Telefonsnummer. 
Marc Weber: Jo, dat ass den 671 345 678. 
Polizist: Merci. Da si mir fäerdeg hei. Hei ass Är Kopie. 
Marc Weber: Villmools Merci. 
Polizist: Gär geschitt. Eng schéi Woch nach!