Listen

Description

Wei soen mir dach ëmmer sou gär beim Tankentrio: Aller Guten Dinge sind 3! An esou sinn ma lo bei eiser Folge Surprise 3.0 ukomm. Och eist drëtt Mitglied war dann elo un der Rei an huet den Rescht vum Trio mam Thema Feminismus iwwerrascht! Zesummen mam CID huet eist Lea eng spannend Diskussioun zu dësem Thema gehat an déi mat deenen aneren 2 wärend der Folge gedeelt an iwwert verschidden Aussoen diskutéiert! Et ass eng immens lehrreich Ronn ginn, an allen dréi hunn mir gemierkt wei eisen Horizont sech alt rëm enkéier méi erweidert huet. Leent iech also zréck an diskutéiert mat eis iwwert déi wichteg Thematik, well do kann den een oder aneren nach bestëmmt eppes Neies leieren an villäicht erweidert och dir sou ären Horizont!

En groussen Merci geet raus un all déi Leit déi an dëser Folge gehollef hunn an en ganz groussen Merci un den CID vir déi Ënnerstëtzung.

Fir weider Informatiounen:
www.cid-fg.lu